Historique

E poor wichtig Punkten ous der laanger Geschicht vuan der Veiner Musik.

 

1848: D’Veiner Musik get offiziell gegrënnt (23 Musikanten an 20 Iremëmberen). Den ischten Iremëmber ass den “Prinz Heinrich der Niederlande”.

1852: D’Veiner Musik hëlt di ischte Kéier uan em Musiksconcours däl a krett di “Sëlwer MedaiIle”.

1865: Weider wichtig Persinlichkäten gin als Iremëmber opgeholl, su zum BeispiIl:

-de fransiischen Dichter Victor Hugo

-den Auguste Fischer (Prësident vuam “AIlgemenen Lëtzeburger      Musiksveréin”)

-de Michel Lentz (Dichter vuan “Ons Hémecht”)

-den Anton Zinnen (Komponist vuan “Ons Hémecht”)

1865: De 25.Juni gëtt zu Veinen di ischte Kéier éis Nationalhymn  mat Instrumentalbeglädung opgefouert.

1923: D’Veiner Musik feiert hiren 75-jährigen Jubiläum mat em grusse Musiksfest.

1935: Gruss Krisis: de Prësident Eduard Wolff hott en Fra als Dirigentin agestallt. D’Musikante streiken well: “En Fra gehiert viruan d’Kochdëppen”. D’Musik get opgeliist.

1937: D’Veiner Musik get nei gegrennt.

1938: Om Musiksconcours zu Déikrich gewënnt d’Veiner Musik den ischte Préis.

1939: Nom Ousbroch vuam 2.Wëltkréich, ass d’Rocki-Prëssessiunn op d’ BiIdchen der Veiner Musik hiere létzten Optrëtt.

1940 – 1945: Kä Concert a kän Prouf béi der Veiner Musik.

1948: D’Veiner Musik feiert hiirt 100-jährigt Stëftungsfest: 5 Owender lang gët “De Schiifer vuan Asselbur” opgefouert.

1960: Om Musiksconcours zu Woltz gëtt di Veiner Musik an di 1.Divisiun agestuft.

1962: D’Veiner Musik gewënnt de “Prix de Radio Luxembourg”.

1973: D’Veiner Musik feiert hiirt 125-jährigt Stëftungsfest.

1974: D’Veiner Musik steigt ous der 1. Divisiun an d’Division Supérieure.

1975: Lo duerfen och di Veiner Médercher an d‘ Musik goen.

1976 – 1980: ViIl Musikshowen, Ousflich an den Elsass, op London, d’Châteaux de la Loire

1980: Musiksconcours zu Schëffleng: d’Veiner Musik kann sich an der “Division Supérieure” ganz goud behaapten.

1998: D‘Veiner Musik feiert e ganzt Joer lang hiert 150-jährigt Stëftungsfest. Schinn Concerten a ganz besonnisch daat grusst Musiksfest vuam 15.August bleiwen a gouder Erënnerung.

Ennert dem Impuls vuam Dirigent Marco Comes läwt di aal Traditiunn vuan der MusikShow rem op.

1999: Op Initiativ vuan den Dirigenten get zu Veinen den 1. Musikfestival mat den Musiken vuan Mettenduerf an Kierperich organisiert. Hichpunkt vuam Concert as e Gemeinschaftsspillen mat iwer 100 Musikanten.

2000: No 20-jähriger Abstinenz gät d‘Veiner Musik op de Concours de classement op Péiting. D’Resultater se goud: e “Premier Prix avec Grande Distinction” am morceau imposé, e “Premier Prix avec Grande Distinction am morceau au choix, an e Klassement on der Division supérieure.

Am September fiert d’Veiner Musik mat der Déiereprocessiunn an d’Kulturhaaptstad Weimar.

2001: 2. Musikfestival mat Kierperich a Mettenduerf, dei Keier zu Mettenduerf an der Sportshal.

2002: Den 9. Mee organisiert d’Veiner Musik den Concours vuan der UGDA, an den 15. Juni ass d’Joyeuse Entrée vuam Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria-Theresa.

2003: Ousfluch vuan der Veiner Musik op Brugge an Emgegend vuam 5. bis den 7. Mé.

Den 3. Musikfestival get vuan der Kierpericher Musik an der Klunsch zu Niedersgegen ofgehalen.

2005: Den 5.Mä 2005 stélt sich d’Veiner Musik rëm en Keier dem Concours de Classement vuan der UGDA zu Monnerich. D’Musik klassiert sich mat goude Resultater am “Grade B”, an gëtt anschliissend triumphal zu Veinen empfaangen.

D’Veiner Musik iwerhöllt zesoomen mam Mi-Cuits dat traditionellt Baachefest vuam Veiner Gesank um leetzten Juli-Weekend.

Organisatiunn vuam 4. Musikfestival zu Veinen mat de Musiken vuan Mettenduerf a Kierperich. Iwer 100 Musikanten spillen zesoomen mat den Dudelsakspiller vuan Dudeldorf.

2006: Formatiunn vuan äner Jugendmusik zesoomen mat de Jungmusikanten vuan Roudersen.

De Joe Heintzen iwerhöllt den Posten vuam President vuam Jos Schaul.

2007:   Ous der Veiner Musik get en a.s.b.l.

2008:   Gala-Concert vuan der Musik um Veiner Schlooss an historischen Kostumer zur Feier vuan 700 Joor Veinen an 30 Joor Veiner Schloossfrënn.

Ousfluch op Köln.

Visite vuan der Ierwgrossherzoglicher Koppel um Virowend vuam Nationalfeierdag.

Revival vuan „Veinen voll Musik“ um Sonndig vuam Baachefest.

2009:  Am September 2009 iwerhöllt den Rob Köller den Dirigentestaaf vuam Marco Comes.

2010: MusikShow zum 75. Gebuertsdag vuam FC Orania Veinen.

2011: Ousfluch op Stuttgart

Am September 2011 finken d‘ Prouwen mam Andy Loor als neien Dirigent uan.

2013: Visite vuan der Ierwgrossherzoglicher Koppel zu Veinen

Bedäligung uam Jubiläumsconcert zu 150 Joor UGDA om Veiner Schlooss

Am September finkt de Marcel Richards als 20. Dirigent an der langer Geschicht vuan der Veiner Musik uan.

2015: Organisatiunn an Opfeierung vuam Kannermusical „Wakatanka“ an der Larei zu Veinen zesoomen mat der Primärschull.

2016: D‘Veiner Musik bedäligt sich no laangen Jooren rem en Keier uan em UGDA-Concours deen dest Joor zu Bissen stattfönd. Enner 5 Musiken an dem Degré B errächt di Veiner Musik mat 95 vuan 100 Punkten dat zweetbest Resultat.

Am Juli micht d’Musik en Ousfluch op d’Kölner Lichter